De Conservatoire zu Esch ass net nëmmen eng Schoul, mee och ee Concertshaus. Fir déi nei Saison 2023/24 ass de Programm gutt gefëllt. Mat dobäi sinn erëm vill Concerte mat Enseignanten an international Gruppe wéi "Klazz Brothers" mat südamerikanescher Musek, deen den éischte Concert vun der neier Saison spillt. Och speziell Spektakel fir Famillje mat Kanner sinn erëm mat dobäi, wéi d'Schlappeconcerten, wou d'Kanner Schlappen unhunn. Ee neit Konzept ass d’Piano Week – do dréit sech fir eng ganz Woch alles ronderëm de Piano. D’Marie Schockmel huet sech mam Jean Halsdorf, dem Direkter vum Escher Conservatoire, ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
Nei Saison am Escher Conservatoire
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Schoul fir d'Liewen
Zu Ulm um Deutschen Musikfest 2025 wäerten d'Blosorchesteren net laanscht eng Kompositioun vum Georges Sadeler kommen.
'That's the thing about chamber music'
Den Niall Brown, artisteschen Direkter vum Konz Musik Festival, verréit, wat Kammermusek wierklech bedeit.
'Er war eigentlich immer da seit dem 8. oder 9. Lebensjahr'
Den Eberhart Klotz huet sech scho vu Kand u mat der Musek vum Bruckner beschäftegt. Elo gi seng Uergel-Transkriptiounen vun alle Sinfonien opgeféiert.

Eng Länner- an Zäitrees
Open-Air Concert vun der Militärmusek
