1. De Parquet huet nei Informatiounen wat den Abroch an de Lokalitéiten vun der Police judiciaire op Kalchesbrëck ugeet, dee Verdaechtegen ass demno e Samschdeg den Owend zu Paräis vun der franséische Police kontrolléiert festgeholl ginn.
2. No där grousser informatescher Pann gëschter am Centre Hospitalier du Nord zu Ettelbréck wären d‘Systemer nees all stabel – dat sot den Direkter vum ChdN, Paul Wirtgen, de Moien op eiser Antenn.
3. De Budgestprojet vun der regirung steetw eider an der kritik, de moien huet d‘cour des comptes virun der Scholdefal gewarnt.
4. Een Drëttel vun de Lycéesschülerinnen a Schüler soen, si wieren ofhängeg vum Handy, AN ee vu véier verbréngt - baussent der Schoul - fënnef Stonnen a méi virum Ecran, dovun de gréissten Deel op de soziale Medien. Dat weist eng Etüd vum Observatoire de la qualité scolaire,