1. Spektakulär Victoire fir d‘Demokrate bei de Midterms, déi kënne sech am House of Representatives an am Senat kloer duerchsetzen a kontrolléieren domadder de Kongress
2. Den Inflatiounstaux an der EU ass mat véier Prozent op den héchsten Taux zënter iwwer dräi Joer geklommen
3. Bei der EU Kommissioun zu Bréissel gëtt haut iwwer Zukunft vun der Ukrain verhandelt. Dat bei Gespréicher mat Vertrieder aus der Ukrain, USA, Däitschland, Frankräich an der NATO.
4. De Grupp Ahold Delhaize huet duerch déi rezent Cyberattacken op seng Geschäfter an der Belsch, Holland an den USA bis zu 250 Milliounen Euro un Ëmsaz verluer.
5. Am Alter vu 95 Joer ass den däitsche Schrëftsteller a Kënschtler Janosch verscheet. Hien ass virun allem duerch seng Kannerbicher "Oh wie schön ist Panama" an d‘Figur vun der Tigerente bekannt ginn.