1. De Luc Marteling soll neine Direkter vum center national de l‘audiovisuel ginn, he war fir d‘lescht Directuer de l‘information bei RTL
2. Uganks der Woch ass et an de Lëtzebuerger Lycée’en zu enger ganzer Partie Phishing-Tentative komm. An dëse Phishing-Noriichten, déi iwwer Mail verschéckt gi sinn, wieren d’Schüler opgefuerdert ginn, op e Link ze klicken.
3. Bei enger Schéisserei op oppener Strooss zu Paräis ass eng persoun ëm d'Liewe komm
4.. D'Lëtzebuerger Fussballfederatioun wëll fir méi Verbindlechkeet bei der Ausbildung vu jonken Talenter suergen. Et wëllt een, datt jonk Spiller mat Potential spéider och fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp spillen – an net direkt an d’Ausland ginn. Dat huet de FLF-President Paul Philipp de Moien als Invité vum Dag bei eis op der Antenn betount.