1. No der Budgetsprésentatioun gëschter an der Chamber, huet de Finanzminister Gilles Roth als Invité vum Dag bei eis op der Antenn säi Budget verdeedegt.
2. Och a leschter Instanz gouf et de Moien um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg eng juristesch Néierlag fir d'Brasserie nationale a Munhowen an der Affär ëm d'geplangten Iwwernam vu Boissons Heintz.
3. Am Frankräich sinn d‘Lyceesschüler haut erëm mobiliséeirt - dat dierft erëm Platzeweis Escalatiounen mat sech bréngen – allerdensg waren haut aner Lycéen blockéiert wéi nach an de leschten Deeg
4. Bei russeschen Attacken op Bussen an der ukrainescher Stat Kramatorsk sinn op d'mannst 30 leit ëm d‘Liew ekomm.