1. De Rapport iwwer de Projet Alpha léisst nach vill Froen opstoen, där Meenung ass d‘Enseignantsgewerkschaft SEW
2. D‘EU-Staate goufe sech gëschter zu Bréissel net iwwer en neie Sanktiounspak géint Russland eens
3. D‘USA hunn hënt op en Neits den Iran bombardéiert, dat schonn déi drëtt Nuecht hannerteneen. Betraff war ënner anerem d‘Hafestad Bandar Abbas am Süde vum Land
4. Am Tour de France geet et haut an déi 10. Etapp, am Massiv central tëschent Aurillac an Le Lioran, wou Attacken um profiléierte Parcours mat siwe Colle méiglech sinn
5. Op der Fussballweltmeeschterschaft ass et dann den Owend déi éischt Halleffinall, ëm néng Auer treffe Spuenien a Frankräich openeen