1. D'Verwaltungsgeriicht huet déi partiell Suspendéierung vum Dokter Philippe Wilmes net opgehuewen: De Chirurg huet domat och säin zweete Référé géint de Gesondheetsministère verluer
2. 74 % vun alle Schüler:innen, déi sech fir de Premièresexame presentéiert hunn, hunn en och bestanen, dat weisen déi aktuell Zuelen aus dem Educatiounsministère
3. Den Europäesche Geriichtshaff huet d‘Urteel a Milliardenhéicht géint Google confirméiert. Google muss deemno 4,1 Milliarden Euro bezuelen
4. Bei neie russeschen Attacken hënt op déi ukrainesch Haaptstad Kiew koume 17 Leit ëm d‘Liewen. Am Laf vun der Nuecht hat Russland d‘Stad mat Rakéiten an Drone beschoss, an der Haaptstad goufe Wunnhaiser getraff