1. An der Suite vun der Affär ronderëm den Dokter Philippe Wilmes géif ee bei den Hopitaux Robert Schuman een Impakt feststellen. Dat sot de Marc Berna, Direkter vun den HRS de Moien als Invité vum Dag
2. Zu Bréissel sinn d’Staats- a Regierungscheffen haut fir den zweeten Dag vum EU-Sommet zesummen, den EU Budget soll do ficeléiert ginn
3. Den Accord tëschent den USA an dem Iran gëtt haut nach net verhandelt, wéi dat eigentlech geplangt war, et gouf vill Kritik och vu Parteikolleege vum Donald Trump. Donieft huet Israel hënt trotz dem Accord nees de Libanon bombardéiert
4. De Pentagon brauch zousätzlech 80 Milliarden Dollar fir d‘Militäraktiounen am Iran. Wéi de Wall Street Journal haut schreift wëllt d‘Regierung déi Suen elo vum Kongress accordéiert kréien