mic_none
Presentéiert vum
- Michel Delage
Episoden
Immigratioun - Héich Maueren eleng ginn net duer
D’Zuele vun de Leit, déi ouni Autorisatioun an d’EU areesen, gi kontinuéierlech erof. Net well manner Leit op der Flucht wieren, mee well de Wee an d'EU ëmmer méi schwéier gëtt.
Landwirtschaft a Gewässerschutz am Aklang?
Zu Lëtzebuerg landen nach ëmmer ze vill Pestiziden an Dünger an de Gewässer. Ee Gespréich live vum Rommeschterhaff zu Steesel
Zwee nei Formater, Amtsuntrëtt vum Martin Rajna, Beethoven-Jubiläum
Dat sinn déi grouss Theeme gewiescht op der Pressekonferenz vun der Philharmonie iwwer hir Saison 26/27.
Gesondheetspolitik
Spueren am Gesondheetssystem: Wat gëtt sech vun der Quadripartite erwaart?
EU-Kommissioun seet Nee zu gemeinsame Mesurë géint Energiekris
Iwwerprofit-Steier oder méi labber Budgetsreegelen: d'EU-Kommissioun huet net wëlles EU-Mesurë géint d'Energiekris ze proposéieren.
STATEC: Populatioun wiisst weider, awer ëmmer méi lues
Déi neisten demographesch Zuele soen, datt op den 1. Januar 2026 méi wéi 690.000 Leit zu Lëtzebuerger gelieft hunn. Dat waren der knapp 10.000 méi wéi d'Joer virdrun.
Filmtipp: "A Sad and Beautiful World"
Dem Michel Delage säi Kinostipp vun dëser Woch spillt am Libanon.
Wéi schwéier ass et am Moment d'Leit zum Spenden ze beweegen?
Nom Skandal ronderëm de Finanzbedruch bei der Caritas gouf et en Abroch bei de Spenden u Lëtzebuerger Hëllefsorganisatiounen. Huet d'Situatioun sech antëschent gebessert?
Premières-Examen ouni Gefuddels: geet dat nach?
D'Proffegewerkschaft APESS huet Bedenken, ob am Zäitalter vun de moderne KI-Technologien nach e korrekten Oflaf vun den Examen ka garantéiert ginn.
Wéi gëtt e Site zum UNESCO-Weltkulturierwen?
D'Schiifergrouwen zu Uewermartel solle Kandidat ginn fir an d'UNESCO-Lëscht opgeholl ze ginn. Wéi eng Schrëtt mussen dofir ënnerholl ginn?
Éiwegkeetschemikalien: Wéi wäit soll ee Verbuet goen?
Wéinst gesondheetleche Risike soll den Asaz vu PFASe massiv ageschränkt ginn. Iwwer d'Ausmooss vum Verbuet gëtt nach gestridden.
Ass d'Erfaassung vun Handydate konform mam Dateschutzgesetz?
D'Stater Gemeng huet vun Editus anonymiséiert Donnéeë kritt vun de Visiteuren an der Stad, fir ë. a. Beweegungsflëss kënnen nozevollzéien. Wat seet d'Dateschutzkommissioun dozou?
"May the 4th be with you": Haut ass internationale Star Wars Dag
Den Alessandro Comisso vum offizielle Star Wars Fanclub hei am Land erkläert eis, wéi den Dag geféiert gëtt.
Gottesbezuch nei an der saarlännescher Verfassung
D'Decisioun ass déi lescht Woch mat grousser Majoritéit am saarlännesche Landtag gefall. Den SPD-Fraktiounschef Ulrich Commerçon erkläert.
Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt: Wéi grouss ass d'Nofro?
De Centre National pour victimes de violence huet virun engem Joer mat senger Aarbecht ugefaangen. Mir hunn nogefrot, wéi vill Affer bis elo betreit goufen.
Haut an engem Joer huet Frankräich en neie President
Mir froen eise Frankräich-Korrespondent, wéi d'Parteien sech ee Joer virun der Wal positionéieren.
Doku-Podcast: Genuch Waasser fir Mënsch an Natur?
Ee Gespréich mam Pia Oppel iwwer déi fënneft Episod vun der aktueller Zeenewiessel-Serie.