1. Fir d’Gewerkschafte gehéiere 4 Punkten op den Ordre du Jour vun där kommender Tripartite: D’Kafkraaft an d’Energie, d’Aarbechtsplaze-Sécherheet, de Logement an och d’Gesondheetsversuergung hei am Land
2. An der Bedruchsaffär Luxtrust gouf eng Persoun schonn am Abrëll dëst Joer a Frankräich festgeholl an duerno u Lëtzebuerg ausgeliwwert, dat deelt de Parquet haut mat
3. De Premier Luc Frieden géif keng schlecht Politik maachen, mee hien hätt en Duerstellungsproblem fir déi Politik un d‘Leit ze bréngen, dat sot dem Luc Frieden säi Parteikolleeg an CSV-Deputéierte Michel Wolter de Moien op eiser Antenn
4. Bei der Ekippe-Weltmeeschterschaft am Dëschtennis zu London ass an den Aachtelsfinalle Schluss fir eis Dammen: Si verléiere kloer 0-3 géint d‘Nummer zwee op der Welt: Japan