1. Am Norde vum Land goufen iwwer 1700 Kannabis-Planzen an engem Eefamiljenhaus saiséiert. Zwee Verdächteger goufe festgeholl a koumen an Untersuchungshaft.
2. Bis 2050 sollen 11 nei Lycéeën zu Lëtzebuerg gebaut ginn.
3. D’Lëtzebuerger Rettungs- a Sécherheetsdéngschter sollen vun 2030 un een neit digitaalt Funknetz kréien.
4. Den internationale Währungsfong huet seng Wuesstëms-Prognose fir d‘Weltwirtschaft wéinst dem Krich am Noen Osten no ënne revidéiert.