1. D’USA an den Iran hu sech hënt op eng zwou Woche laang Wafferou gëeenegt, d‘Strooss vun Hormuz soll deemnächst nees opgoen. Weltwäit gouf et positiv Reaktiounen
2. De Jores-Inflatiounstaux ass am Mount Mäerz wéi erwaart staark geklommen, dat vun 1,3 Prozent am Februar op 2,4 Prozent am Mäerz.
3. Den Ëmweltministère wëllt mat engem Urgencëplang d‘Ausbreedung vun der Asiatescher Runn bremsen, ënner anerem ginn et Subside fir d‘Ewechmaache vun den Näschter
4. An den Allersmatcher vun der Véierelsfinall an der Fussball-Champions-League huet Bayern München 2:1 auswäerts géint Real Madrid gewonnen. Arsenal London huet sech auswäerts géint Sporting Lissabon mat 1:0 duerch e Gol an der Nospillzäit duerchgesat