1. Bei enger Kollisioun tëschent engem TGV an engem Camion koum eng Persoun ëm d‘Liewen
2. Déi Lëtzebuerger Ëmsetzung vum EU-Asylpakt ass ze vill op Sécherheet ausgeriicht a stellt d‘Grondrechter vun de Mënschen op der Flucht an den Hannergrond. Dat ass den Avis vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot zum entspriechende Projet de Loi vun der Regierung
3. Mir sti virun engem schwaarzen Abrëll, dat ass d‘Warnung vum Chef vun der Internationaler Energieagence. Beim Pëtrol wier deemno mat Enkpäss a weidere Präishaussen ze rechnen
4. An der Champions League sinn et den Owend déi zwee éischt Allersmatcher vun de Véierelsfinallen. Bayern München spillt géint Real Madrid a Sporting Lissabon géint Arsenal