1. De Krich am Iran an d’Konsequenzen fir d’EU - doriwwer schwäetzen haut zu Bréissel d’Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner.
2. Vrum EU-Sommet huet de Lëtzebuerger Premier dofir plädéiert, datt d’Situatioun am Iran deeskaléiert gëtt, datt een der Diplomatie eng Chance gëtt.
3. D’Passagéier am Bus an Zuch géifen haut méi dacks aggressiv géintiwwer dem Personal ginn wéi nach virun e puer Joer. Dat sot d’Presidentin vun der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux, Mylène Bianchi, de Moien als Invité vum Dag
4. Zu Lëtzebuerg soll den „droit à l’oubli“ fir Leit, déi eng schwéier Krankheet iwwerwonnen hunn, gesetzlech verankert ginn.
Dat fuerdert d’LSAP an enger Gesetzespropos.