1. 5. Rapatriements-Aktioun: An der Mëttesstonn sinn eng weider 30 Lëtzebuerger:innen hei ukomm, déi vun Dubai aus evakuéiert goufen
2. D‘G7-Finanzministeren hunn nach net decidéiert, ob si wéinst dem Krich am Noen Osten national Pëtrolsreserve wëllen notzen, fir d‘Präisser ze bremsen
3. De Mäerterer Hafen huet eng Plainte géint Onbekannt wéinst Ëmweltverschmotzung gemaach, nodeems eng gréisser Quantitéit Pëtrol an d‘Musel gelaf ass
4. Méi Angschtgefiller a manner Wuelbefannen wéinst Soziale Medien - dat ass ee Constat vum Jugendrapport
5. Een Expert confirméiert am 100,7 Interview, datt gëschter ee Meteorit um Himmel ze gesi war