1. Zwou Maschinne mat am Ganzen 201 Passagéier sinn ënnerwee aus dem Noen Osten a Richtung Lëtzebuerg. Deen ee Vol ass en direkten, mat 97 Passagéier, a soll de Mëtteg géint 13:30 Auer landen
2. De Brutto-Basissold vun de fräiwëllegen Zaldoten an Zaldotinne wäert ëm op d’mannst 530 Euro de Mount klammen, fir datt en iwwer dem Mindestloun läit. De Projet fir d’Revalorisatioun vun de verschiddene Remuneratioune gouf de Moien an der Chamber eestëmmeg ugeholl
3. Am Noen Oste breet sech de Konflikt weider aus, de Moien ass eng Dron op engem Fluchhafen am Aserbaidschan niddergaangen
4. De portugiseschen Auteur Antonio Lobo Antunes ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen