headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Sophie Morang
Episoden
Fraefussball-EM: Éischte sportlechen Tëschebilan
Am Interview: Den Dan Santos, Nationaltrainer vun der Fraennationalekipp, mat engem sportlechen Tëschebilan an der Hallschent vun der Gruppephas vun der Fraefussball-EM.
Ëmweltkaméidi
De Kaméidi ronderëm eis ka krank maachen. En europäesche Rapport weist elo wéi staark déi Belaaschtung ass. Explikatioune vum Olivier Schwab vun der Ëmweltverwaltung
"Bësch am Krich, Krich am Bësch"
Eng Ausstellung zu Iechternach gëtt en Abléck, wéi d'Kämpf am Bësch wärend dem Zweete Weltkrich ofgelaf sinn.
Reesen a Krisenzäiten
Wat bedeiten déi aktuell vill geopolitesch Krise fir d'Reesgeschäft. Dat froe mir de Bernard Ley, Vizepresident vum nationale Verband vun de Reesbüroen, ULAV.
De Minettpark Fond-de-Gras gouf reamenagéiert
No engem knappe Joer Aarbechten am Minettpark Fond-de-Gras an der Gemeng Déifferdeng ass dësen historesche Site fäerdeg reamenagéiert.
Franséisch Atomzentrale lafen 10 Joer méi laang
Dorënner och Cattenom. De Roger Spautz vu Greenpeace mécht eng Analys am Gespréich mam Maurice Molitor.
Kinnekswiss loves... Live
Erlieft de Summerconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker live vun der grousser Open-Air-Bün op der Kinnekswiss oder um radio an opus 100,7.
Ee Joer Labour-Regierung a Groussbritannien
Wat huet de Keir Starmer am éischte Joer vu senger Amtszäit beweegt? Äntwerte vun eiser Korrespondentin Marie Billon
Déi bis ewell gréisste Foire Agricole
Déi 42. Editioun vun der Foire mécht haut hir Dieren op, op 12,5 Hektar Surface, souvill wéi nach ni virdrun
Wat a wie gëtt beim Tour de France wichteg?
Mir schwätze mam Sportchef vun RTL, dem Tom Flammang, iwwer d'Enjeue vun der Grande Boucle 2025, déi ouni Lëtzebuerger Participatioun iwwer d'Bün geet.
Onsécher Zukunft fir d'Entwécklungszesummenaarbecht
Et steet net gutt ëm d'Finanzhëllefe fir de globale Süden. Den David Hoffmann vum Forum politique vum Cercle des ONG zitt ee gemëschte Bilan vun der UN-Konferenz zu Sevilla.
Klimadag: Wéi ass haut d'Perceptioun vum Klima
Klimabündnis Lëtzebuerg feiert seng 30 Joer mat engem Klimadag. Mir schwätze mam Pol Polfer doriwwer, wéi Mënsche méi fir de Klimaschutz sensibiliséiert kënne ginn.
D'EM am Fraefussball huet ugefaangen
Wie sinn d'Favorittinnen? Wéi wichteg ass dës EM fir d'Professionaliséierung vum Fraefussball? Eis fräi Mataarbechterin Tessy Troes mat Aschätzungen zu der EM an der Schwäiz
35 Joer OAI
Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag. E Gespréich mat sengem Direkter Pierre Hurt, dee vun Ufank un derbäi war.
Jazz à Vienne
DeE renomméierten Jazzfestival fënnt grad bei Lyon statt. Lëtzebuerg ass dëst Joer Fokusland um Festival a mat 6 Formatioune vertrueden.
De CGDIS zitt de Bilan vun der extreemer Hëtzt
Dei lescht Deeg hat MeteoLux scho virun der extreemer Hëtzt gewarnt. De Michel Demuth, Coordinateur beim CGDIS, zitt de Bilan vun der Canicule.
Baggerweier zu Rëmerschen
D‘ASBL Erliefnis Baggerweiere setzt sech fir preventiv Sécherheetsmoossnamen an.
Klimapolitik
Lëtzebuerg begréisst, datt d'EU-Kommissioun d'Zil setzt bis 2040 d'Zäregasen-Emissiounen ëm 90 Prozent erofzedrécken.
Trounwiessel
D’Maison du Grand-Duc huet deen neie Monogramm vum zukünftege Grand-Duc Guillaume virgestallt. D'Grafikerin Yolande Kaiser gëtt Explikatiounen dozou.