Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Buch iwwer de Jean Asselborn
"Die Tour seines Lebens" ass den Titel vun engem Buch, dat de Journalist Michael Merten iwwer de laangjäregen Ausseminister a passionéierte Cyclist geschriwwen huet.
Gewerkschaften OGBL an LCGB ginn net méi a Reuniounen vum CPTE
D’Gewerkschafte hunn dat gëschter op enger Pressekonferenz ugekënnegt. Elo froe mir d’Nora Back vum OGBL fir méi Detailer.
Liichtathletik-WM zu Tokio
4 Lëtzebuerger huelen un der Weltmeeschterschaft zu Tokio deel, déi muer ufänkt. De Jean-Baptiste Souche, Directeur Technique National, ass eis elo live aus Tokio zougeschallt.
Schoulrentrée: Ministère lancéiert Strategie fir KI an der Schoul
E nationalen Aktiounsplang fir de Gebrauch vun der kënschtlecher Intelligenz an der Schoul as eng vun de Prioritéite fir d‘Schoulrentrée dëst Joer.
Geféierlech Säit vum Internet: Skinny Tok
Hanner dem Trend Skinny-Tok verstoppt sech eng Online-Welt, déi extreemt Ofhuele verherrlecht.
Schwäizer Hëllef nom Krich
Den Historiker an Direkter vum Militärmusée Benoît Niederkorn iwwer de sougenannten "Don Suisse", ee wéineg bekannt Kapitel aus der Nokrichsgeschicht.
Wéi steet et ëm d'Von-der-Leyen-Majoritéit am Europaparlament?
D'Kommissiounscheffin huet Offeren un eng Pro-Europäesch Majoritéit vu Sozialisten, Liberal a Grénger gemaach. Iwwerzeegt huet si domat net jiddereen.
Tropekrankheeten ëmmer méi dacks och an nördleche Gebidder
Och wa sech zu Lëtzebuerg nach kee mat enger Tropekrankheet ugestach huet, ginn hei d'Tigermoustiquë méi streng iwwerwaacht.
Padel, eng jonk Sportaart am Trend
E Gespréich mam Jemp Felgen, dem President vun der Padelkommissioun an der Tennis-Federatioun (FLT)
De 15. bis 18. Januar ass nees den Eurosonic zu Groningen
D’Museksredaktioun vum radio 100,7 huet Das Radial erausgesicht, fir um Eurosonic Festival 2026 zu Groningen ze spillen.
Educatiounsministère proposéiert Alphabetiséierungscoursen
Den Educatiounsministère proposéiert Coursë fir Erwuessener fir hir Kompetenzen am Schreiwen, Liesen a Rechnen ze verbesseren.
Caritas-Affär: D'Fro vun der Responsabilitéit vun der Spuerkeess
D’Vertrieder:inne vun der Spuerkeess-Direktioun a vum Verwaltungsrot stoungen der Chamber-Finanzkommissioun Ried an Äntwert.
Lëtzebuerg huet eng schro Nuecht hanner sech
Wéi schlëmm waren déi verschidde Regioune betraff? Mir maachen de Bilan.
Wéi ass d'Lag zu Rolleng bei Miersch?
De Rick Mertens ass fir eis op der Plaz.
Wéi ass d'Situatioun zu Esch?
Nom ville Reen an der Nuecht an de Moien, freet de Jacques Ganser, wéi d'Situatioun zu Esch ass.
Wéi schätzt d'Waasserwirtschaftsamt d'Situatioun an?
No der Nuecht mat ganz vill Ree froe mir beim Waasserwirtschaftsamt no, wéi d'Situatioun am Land ass.
Héichwaasser: Wéi dacks hunn d'Rettungsdéngschter missen agräifen?
Mir froen den Tom Barnig vum CGDIS.
Muss an de nächste Stonne weider mat Reen gerechent ginn?
Mir froen den Adnan Ceman vu Meteolux.
Lëtzebuerger Nationalekipp huet gëschter géint Slowakei gespillt
De Manuel Cardoni, Directeur Technique vun der FLF, mécht d'Analys vum Match.