Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Kontrollen an Ëmkrees vun 30 Kilometer ronderëm d’Grenz
De Méindeg (16.9.) hunn déi vun Däitschland ugekënnegt verstäerkt Grenzkontrollen tëschent Däitschland a Lëtzebuerg ugefaangen.
Och d'Elteren hunn haut Rentrée
Gespréich mat der Danièle Moes vun den Elterevertrieder Réimech iwwer Virfreed a Stress ronderëm de 15. September an d'Elterenaarbecht an enger Schoul mat villen Erausfuerderungen.
Schoulrentrée: Enseignanten an Enseignanteën, déi nei am Beruff ufänken
Fir d‘Lena De Lorenzi an den Thibault Pepin ass d‘Schoulrentrée een neit Kapitel. Si fänken haut als Enseignant:e un.
Zwee Méint nom Finanzbedruch: Caritas a Schierbelen
D'Caritas krut 61 Milliounen Euro geklaut. Dat ass virun zwee Méint opgeflunn. Mëttlerweil ass kloer, datt vun der Caritas net méi vill Rescht bleift.