(Foto: Adobe Stock)
mic_none
Presentéiert vum
- Matthias Kirsch
Episoden
Grond- a Mobiliséierungssteier
Explikatiounen zum Projet vum Inneminister Gloden, an d'Reaktioun dorop vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic
Hydrogen: Lëtzebuerg a Japan wëlle verstäerkt zesummeschaffen
Dat huet sech um Bord vum Ierfgroussherzog Guillaume senger Visitt zu Osaka gewisen. D'Françoise Medernach ass fir eis op der Plaz.
Méi oder manner Sue fir d'Baueren: Froen un de Christophe Hansen
Am neien EU-Budget suergt virun allem den Agrarbudget fir Diskussiounen. EU-Deputéiert schwätze vun 20-30 Prozent Kierzungen. Wat seet den Agrar-Kommissär?
Wéi gëtt een ee gudde Virlieser?
Den Aymerick Waisse Da Silva huet de Virliesconcours 2025 gewonnen. Zesumme mat der Marie-Anne Antony vum Script beschreift hien, wéi et dozou koum a wat de Concours bréngt.
Summervakanz
Nom Secondaire war de 15. Juli och dee leschte Schouldag am Fondamental. Wat kann een alles an der grousser Vakanz maachen? Mir hu beim SNJ nogefrot.
Fräiliichttheater Groussbus
"Bei der Däiwel" huet de Jemp Schuster d’Stéck genannt, dat hien dëst Joer fir de Fräiliichttheater zu Groussbus geschriwwen an inzenéiert huet. Den Owend ass Première.
Patriotsystemer fir d'Ukrain
Deen däitsche Militärexpert Carlo Masala gleeft net drun, datt d'Positioun vun den USA zum Krich an der Ukrain dauerhaft geännert huet.
Vu Prabbelien a Lëtzebuerger Spezialitéiten
Impressioune vun der Weltausstellung zu Osaka a Japan
Franséisch Budgetspläng
Bal 44 Milliarde sollen agespuert ginn - deelweis mat ëmstriddene Mesuren. D‘Oppositiounsparteien hu schonn e Mësstrauensvott an Aussicht gestallt.
Nohaltegkeet: Wéi een Invest lount sech?
D'Sabrina Kohn vum House of Sustainability beréit Entreprisen a punkto Nohaltegkeet a stellt fest: de Prinzip ass mëttlerweil kee Luxus méi an huet och vill verschidde Facetten.
En nohaltege Camping
Virun allem owes virun der Iessenszäit gëtt op engem Camping vill Stroum a Waasser verbraucht. Datt een e Camping trotzdeem nohalteg bedreiwe kann, beweist de Camping du Nord.
World University Games
Bei deem grousse Multisport-Event fir Studenten (bis de 27. Juli an der Rhein-Ruhr-Regioun) sinn och 7 Lëtzebuerger Athleetinnen an Athleeten derbäi.
Nei Immobilienaffär zu Déifferdeng: Reaktioun vum Gary Diderich (déi Lénk)
Den Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP) huet confirméiert, datt hien inculpéiert gouf wéinst enger Immobilientransaktioun. Wat seet d'Oppositioun dozou?
D’Piratepartei a “finanziell schwiereger Situatioun”
Trotz finanzielle Problemer géif d’Piratepartei “politesch komplett handlungsfäeg” bleiwen, esou d’Koordinatiounsteam.
Wa Stied an Dierfer ënner der Hëtzt leiden
Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. De Mouvement écologique rifft dozou op, ofzekillen.
Tour de France
Hallefzäit am Tour de France: Mat wat ass nach déi nächst zwou Wochen ze rechnen? A wien ass Favorit? Mir zéien een Tëschebilan mam Lëtzebuerger Cyclist an Expert Alex Kirsch.
Japan
D’Weltausstellung zu Osaka ass elo an der Hallschent ukomm an de Lëtzebuerger Pavillon wier ee vun de beléiftsten - wann een de Responsabelen op der Plaz gleeft.
2. Tour vun der Sozialronn
Fortschrëtter, wann och nach keng Accoren op den Haaptsträitpunkten
Autosaccidenter
Op eise Stroosse sinn d’lescht Joer manner Leit gestuerwen wéi dat Joer virdrun.