Episoden
Eventtip: Let’s talk about Europe
Eng Diskussioun ronderëm déi aktuell Relatiounen tëschent der Schwäiz an der Europäescher Unioun. D’Froen, Erausfuerderungen a Perspektive ginn an engem oppene Kader beschwat.
De Marc Hansen ass rëm zeréck an der Chamber
De fréiere Minister ass mam Depart vum Fernand Etgen an d'Chamber nogeréckelt a gouf gëschter vereedegt. Wat wëll hien als Deputéierte bewierken?
Maintenance a Lagerung fir d'US-Air-Force
D'Warehouses Service Agency këmmert sech zanter iwwer 45 Joer ëm Material vum US-Militär.
An aacht Wochen eng nei Sprooch léieren. Wéi soll dat goen?
Mat hirem Konzept "Moving Languages" wëllen den INL an den Educatiounsministère Leit op eng nei Aart a Weis Lëtzebuergesch a Franséisch bäibréngen. Mee wéi gesäit dat genee aus?
Just ee Fräiworf, da gëtt ofgepaff
Am Handball gëtt no enger CLAS-Decisioun just déi lescht Zeen vum Championnatsmatch Esch géint HB Diddeléng nogespillt. D'Reaktioun vun den zwee Presidenten.
Photovoltaik: Neie Primmesystem leeft
Zënter dem 5. Januar funktionéiert den iwwerschaffte Primmesystem fir Photovoltaikanlagen a Batterien. Groussen Interessi weise Clientë wéi och d'Betriber.
Nei Detailer iwwer d'Tramslinn vun der Stäreplaz bis bei den CHL
Déi geplangten Tramslinn op der Arelerstrooss vun der Stäreplaz bis den CHL wäert 171 Millioune kaschten.
D’EU kéint zum stäerksten Instrument aus senger Geschierkëscht gräifen
Wéi soll d’Europäesch Unioun op déi neiste Menacen aus dem Wäissen Haus reagéieren? Wat kann d’EU iwwerhaapt maachen? Eng méiglech Äntwert ass déi sougenannt Handels-Bazooka.
Nom schwéieren Zuchaccident: Spuenien hofft op séier Opklärung
D'Trauer ass grouss an et ass nach net kloer wéi déi zwee Zich konnten anenee rennen. Eis Korrespondentin Aurélie Chamerois erkläert wat bis elo gewosst ass.
D'DP huet nach keng Positioun zu den Duebelmandater
De Fraktiounschef Gilles Baum well sech fir den Eenheetsstatut fir Deputéiert asetzen. An den deels ëmstriddene Duebelmandater gesäit hien awer och Virdeeler.
Theaterstéck am Neimënster
D’Stéck baséiert op enger reeller Geschicht a stellt d’Fro no eiser Bezéiung zur Vergaangenheet an der Roll vun de Soziale Medien an eisem Alldag.
Sou sinn d'Lëtzebuerger beim Eurosonic ukomm
Mir hunn Impressioune beim Publikum agefaangen.
Wat huet e Rechnungshaff mat Olivenueleg ze dinn?
Déi europäesch Cour des Comptes huet d'Qualitéitskontrolle vum Olivenueleg ënnert d'Lupp geholl. Zoustänneg war d'Joëlle Elvinger, Lëtzebuerger Member vum Rechnungshaff.
Zypern gëtt sech een neien Image an hofft op eng Reunifikatioun
D’Presidence vun der EU kéint een neie Moment fir Zypern sinn. Gläichzäiteg wëll sech d’Republik haut anescht verkafe wéi ee Land, wat eng Obsessioun mat der Tierkei huet.
Ufank vum Prozess géint den Ex-Deputéierte Roberto Traversini
De fréieren Deputéierten an Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini kritt vun haut un, zesumme mat 3 aneren Ugekloten, de Prozess gemaach um Stater Geriicht.
Wann Doktere Sport verschreiwen
De 15. Januar ass déi sougenannte Prescription d’activité physique als Pilotprojet ugelaf. Den Dr. Steve Hein erkläert, wourëms et geet.
Privat Crèchë reagéieren onopgereegt op d'Reform vun de CSA
Explikatioune vum Paolo Fiorucci vun der FELSEA, der Federatioun vun de private Betreiungsstrukture fir Kanner
Firwat sech Israel militäresch aus dem Iran zeréckhält
Zanter enger Woch droen d’USA oppe mat enger Attack op den Iran. Deen dréit mat Vengeance. Och géint Israel. Ausgerechent d’israeelesch Regierung hält sech awer bis elo zeréck
Gelieften Erfarung wäertschätzen
Eng nei Akademie zu Steesel huet als Zil fir Patiente mat engem Handicap oder enger chronescher Krankheet zum Expert vun hirer eegener Krankheet auszebilden.