Episoden
Al Protheese fir de gudden Zweck
Handicap International sammelt där medezinescher Apparater, fir se op Plazen ze bréngen, op deenen d’Leit keen esou gudden Zougang zu Gesondheetsservicer hunn.
Recht op Ofdreiwung an der Verfassung: Den Debat huet 2025 gepräägt
Wéi sinn d'Debaten vun de Parteien an der Zivilgesellschaft ronderëm déi Gesetzespropos verlaf?
Dossier Santé: Konflikter, Reformen an nach vill oppe Froen
An de leschte Méint hunn d'Diskussiounen iwwer de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an de Medien dominéiert. Firwat sech den Dossier Santé nom Summer zougespëtzt huet.
Bléck zeréck: Virun 30 Joer ass de Bosniekrich op en Enn gaangen
Virun 30 Joer ass dee sougenannte Bosniekrich formell op en Enn gaangen. Mat eisem Archivist Gilles Schreurs kucke mir zeréck, wéi een Impakt dee Konflikt op Lëtzebuerg hat.
De Chômage geet an d'Luucht, mee firwat?
Mir froen d'Direktesch vun der ADEM, d'Isabelle Schlesser.
Wat ass eigentlech d'Vierschanzentournee?
Den Owend ass den Optakt vun der 74. Editioun vun der Vierschanzentournee. Fir Fans vum Schisprangen ass dëst Event ronderëm de Joreswiessel eent vun den Highlighte vum Joer.
Waasserkillsystem fir Google-Datenzenter gouf verworf
Dat geet aus der Ëmweltimpaktetude zum Projet ervir, déi den Ëmweltministère Mëtt Oktober verëffentlecht huet. De Jacques Ganser huet d'Dokument méi genee ënner d'Lupp geholl.
"Trounwiessel" ass d'Wuert vum Joer 2025
Wéi a firwat ass de Choix dorop gefall, dat froe mir den Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Alexandre Ecker.
No Trump-Selenskyj-Treffen: wéi stinn d'Chancen op e Friddensplang?
An der Nuecht huet den US-President säin ukraineschen Homologue a Florida empfaangen. Et wier Progrès gemaach ginn, ma Russland blockéiert weiderhin.
D'Stater Cinemathèque huet tëschent de Feierdeeg e spezielle Programm
Haut (29.12.) ginn ënner anerem “Paddington in Peru” an “It Was Just an Accident” vum iranesche Realisateur Jafar Panahi gewisen.
Den Zürecher Bal: Wéi gëtt dee gréisste Studentebal am Land organiséiert?
Wéi all Joer ass um Chrëschtdagowend den Zürecher Bal. Mat ronn 4.000 Leit gëtt gerechent. Mee wat fir eng Organisatioun, a wat fir een Opwand stécht dohannert?
Kongresstourismus: Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg als Destinatioun?
Eng Fro un d'Bettina Bunge, déi nei Direktesch vum Luxembourg Convention Bureau, deen hëlleft Kongresser hei am Land ze organiséieren.
Wéi iwwersteet een d'Chrëschtdagsiessen ouni schlecht Gewëssen?
Mir hunn den Ernärungsexpert Torsten Bohn vum Luxembourg Institute of Health gefrot.
Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen
Den Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet a senger Serie iwwer de Lëtzebuerger Wuertschatz en neie Band erausbruecht. Déi Kéier geet et ëm d'Déierewelt.
D'Stëmm vun der Strooss brauch méi Plaz fir hir Chrëschtfeier
Dëst Joer ware 650 Leit op déi traditionell Chrëschtfeier vun der Stëmm invitéiert. Fir genuch Plaz ze hu war d'Fest dofir dëst Joer um Lampertsbierg. D'Sté Bisenius war dobäi.
Wat steet am Nicolas Sarkozy senge Prisongschroniken?
Eise Kulturchef Jeff Schinker huet d'Buch "Le journal d'un prisonnier" gelies.
D'Jenny Gloden leeft 10 Méint no der Gebuert vun hirem 1. Kand Beschtzäiten
De Maurice Molitor freet d'Laangstreckeleeferin, wéi dat hir gelongen ass.
Mercosur-Accord: Hunn d'Lëtzebuerger Bauere sech domat offonnt?
Mir froen de President vun der Bauerenzentral, de Christian Wester, ob hien drop hofft, datt den Accord awer nach gekippt gëtt.
Pann bei LuxTrust: En "Defekt beim Equipement" war d'Ursaach
Déi Prezisioun gëtt de Serge Allegrezza, de President vum LuxTrust-Verwaltungsrot, am 100,7-Interview.