menu
close
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
Mäi Profil
close
Bookmarks
chevron_right
Abonnéiert Shows
chevron_right
Account-Astellungen
chevron_right
Conditiounen, Dateschutz a Cookies
Ofmellen
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
share
facebook
email
28.03.2024 - 08h16
Politik a Gesellschaft
Noriichten
mic_none
Presentéiert vum
Pierre Reyland
Episoden
Editioun 8h15
09.10.2024 - 08h15
Den neien ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser géif mat senger Putin-frëndlecher Attitüd am EU-Parlament seng Kolleegen irritéieren, souguer a senger eegener EKR-Fraktioun
Editioun 7h15
09.10.2024 - 07h15
Gëschter hunn d‘Gewerkschaften de Sall wärend der Reunioun vum Comité permanent du travail et de l‘emploi verlooss, d‘Zeitunge gesinn dat als en Eclat
Editioun 8h15
08.10.2024 - 08h15
D'Expulsioun vun engem iranesche Kënschtler suergt fir vill Gespréichsstoff a Kritik, donieft ass d'Pensiounsdebatt, déi d'Gewerkschafte gëschter lancéiert hunn, en Theema an der Presserevue
Editioun 7h15
08.10.2024 - 07h15
„Le grand jour de Guillaume“, d'Zeitungen hunn haut Detailer iwwert d'Zeremonie vun der Lieutenance an och soss Sujete ronderëm déi groussherzoglech Famill
Editioun 8h15
07.10.2024 - 08h15
De "chaoteschen Iwwergang" vun der Caritas zu HUT, de Probleem vum Littering an de Parcours an d'Probleemer vun Transpersounen zu Lëtzebuerg sinn Theemen an an der Presserevue
Editioun 7h15
07.10.2024 - 07h15
Den 1. Joresdag vum Iwwerfall vun der Hamas op Israel ass Haapttheema an der Presserevue, d'Zeitungs-Editorialiste maachen sech Suergen, well den israeelesche Premier keng Exit-Strategie aus dem Konflikt huet
Presserevue
05.10.2024 - 08h15
Vill Froen nom Lancement vun der Consultatiouns-Campagne iwwert d‘Pensiounen zu Lëtzebuerg an ee Réckbléck op d'Visitt vum Poopst François zu Lëtzebuerg. Dat waren ënnert anerem d'Themen de Moien an der Press.
Editioun 08:15
04.10.2024 - 08h15
De Retour vun engem Stiermer, en Nopeschsträit mat déidlechem Ausgang an eng waarm politesch Rentrée
Editioun 07:15
04.10.2024 - 07h15
De Retour vun engem Stiermer, de politesche Kompass vun der Regierung an eng waarm politesch Rentrée
Editioun vun 8:15
03.10.2024 - 08h15
Wat bréngt d'Rentereform, de Präis vun enger Poopstvisitt a wouhi steiert d'ADR, eis Theemen haut an der Presserevue
Editioun vu 7:15
03.10.2024 - 07h15
Rassismus um Terrain, de Präis vun enger Poopstvisitt an nach Nowéie vun der Caritas-Affär, Theemen haut an der nationaler Press
Editioun 8h15
02.10.2024 - 08h15
Hie war just 8 Stonnen zu Lëtzebuerg, d‘lescht Woch, mee an den Zeitunge gëtt nach ëmmer iwwer de Poopst François geschriwwen, an et gëtt och net u Kritik gespuert.
Editioun 7h15
02.10.2024 - 07h15
Hëllef um Terrain, kuerz HUT hat e schlechte Start, mee déi nei Entitéit ass elo aktiv, just zwee fréier Caritas-Mataarbechter hunn net ënnerschriwwen, elo misst HUT sech beweisen, esou d'Zeitungen.
Editioun 8h15
01.10.2024 - 08h15
Haut fänkt déi nei Entitéit HUT u mat schaffen an iwwerhëlt d'Aktivitéite vun der Caritas, an d'Diskussioune ronderëm déi nei Aarbechtskontrakter an d'Manéier, wéi d'Mataarbechter:inne behandelt goufen, bleiwe ganz hëtzeg.
Editioun 7h15
01.10.2024 - 07h15
De Klimabonus fir Fotovoltaikanlagen ass ausgelaf, d'Poopstvisitt zu Lëtzebuerg schéngt nach ëmmer net ganz verdaut ze sinn, an et gouf nees eng Kläpperei op engem Fussballsterrain.
Editioun 8h15
30.09.2024 - 08h15
Déi rietsextreem FPÖ huet d'Walen an Éisträich gewonnen, an den Zeitunge ginn et Analysen, wéi et dozou komm ass, datt an Éisträich de Rietsextremismus Mainstream ginn ass.
Editioun 7h15
30.09.2024 - 07h15
En éischte Bilan vun der Lokalpolice an der Stad an zu Esch fält positiv aus, de Police-Generaldirekter Pascal Peters seet, hien hätt positive Feedback kritt.
Wat schreiwen d'Zeitungen um Weekend?
28.09.2024 - 08h15
D'Poopstvisitt an d'Affär Caritas dominéieren.
Editioun vun 8:15
27.09.2024 - 08h15
E geheime Vott zu Bettenduerf, eng Diskussioun ëm de Wollef a Plaintë géint Journalisten
Editioun vu 7:15
27.09.2024 - 07h15
E Retour op d'Poopstvisitt, e geheime Vott zu Bettenduerf a Plaintë géint Journalisten
«
39
40
41
42
43
»