menu
close
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
Mäi Profil
close
Bookmarks
chevron_right
Abonnéiert Shows
chevron_right
Account-Astellungen
chevron_right
Conditiounen, Dateschutz a Cookies
Ofmellen
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
share
facebook
email
28.03.2024 - 08h16
Politik a Gesellschaft
Noriichten
mic_none
Presentéiert vum
Pierre Reyland
Episoden
Editioun 07:15
05.09.2025 - 07h15
D'Tripartite ass e Stierffall, e geschwächte Premier an d'Nowéie vun der Caritas-Affär, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 08:15
04.09.2025 - 08h15
D'Invasioun vun der asiatescher Runn, Kritik un enger CSSF-Decisioun an en neien Challenge fir eis Roud Léiwen, dat sinn d'Theemen haut an der nationaler Press.
Editioun 07:15
04.09.2025 - 07h15
Wéi hunn déi eenzel Zeitungen d'Resultater vun der Sozialronn analyséiert?
Editioun 8h15
03.09.2025 - 08h15
De Schock nom Accident mat fënnef Doudege sëtzt déif, an der geschriwwener Press kommen Zeien zu Wuert, donieft sinn d'Taseren, mat deenen d'Police equipéiert gëtt, en Theema.
Editioun 7h15
03.09.2025 - 07h15
Virun der Sozialronn froe Journalisten sech, wat eigentlech der Regierung hir Positioun zur Rentereform ass, donieft kuckt och den FLF-President op turbulent Wochen zeréck.
Editioun 8h15
02.09.2025 - 08h15
D'Erwaardungen un d'Sozialronn vu muer sinn Theema, donieft geet et ëm d'Erausfuerderunge fir d'Philharmonie, wéinst dem Schantjen, dee méintelaang wäert daueren.
Editioun 7h15
02.09.2025 - 07h15
Wat kann ee sech vun der Sozialronn vu muer erwaarden? D'Zeitungseditorialiste mengen, datt de Luc Frieden keen Accord méi ustrieft a fannen dat bedauerlech.
Editioun 8h15
01.09.2025 - 08h15
D'Tiny House zu Nidderaanwen wier net nohalteg, d'Veterinäre ginn ëmmer méi deier, an an der Stad gouf e Mann festgeholl, well hie seng Gäscht soll gefilmt hunn.
Editioun 7h15
01.09.2025 - 07h15
Lëtzebuerg soll en neien Defense-Hub kréien a bräicht méi e flexibelt Waffegesetz, dat ass eng Fuerderung an den Zeitungen, do gëtt och dat neit Immigratiounsgesetz kritiséiert.
Editioun vum Weekend
30.08.2025 - 08h15
Sozialdialog zu Lëtzebuerg an a Frankräich, Douanestaxen-Deal tëschent USA an EU sinn d'Sujeten an de Leitartikele vun der geschriwwener Press.
Editioun 07:15
29.08.2025 - 08h15
Vill Froen rondrrëm d'Spuerkees, eng gebremsten Elektromobilitéit a Kritik u Laber-Podcasten, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Editioun 07:15
29.08.2025 - 07h15
Vill Froe ronderëm d'Spuerkeess, eng gebremsten Elektromobilitéit a Kritik un der LSAP-Fraktiounscheffin, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Editioun 08:15
28.08.2025 - 08h15
Privileegie fir Ex-Politiker, Technologieoppenheet als Fortschrëttsbrems a geklauten Autosplacken, dat sinn Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 07:15
28.08.2025 - 07h15
Geklauten Autosplacken, eng historesch Explosioun op der Schueberfouer an eng Dikrecher Bréck, déi op sech waarde léisst: Dat sinn Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 8h15
27.08.2025 - 08h15
De Manktem un Hausdokteren am Norden, d'Gefore vu medezinesche Rotschléi vu KI an ëmmer méi Attacken iwwer Internet op Meteorologe sinn Theemen an der Presserevue.
Editioun 7h15
27.08.2025 - 07h15
An den Zeitunge gëtt dofir plädéiert, datt déi laang Summervakanz méi flexibel opgedeelt soll ginn an den auslännesche Studenten hir onméiglech Sich fir eng Wunneng ass Theema.
Editioun 8h15
26.08.2025 - 08h15
Esou lues erwächt déi politesch Aktualitéit aus dem Summerschlof: an den Zeitungen ass d'Sozialronn d'nächst Woch en Theema, wou iwwer d'Pensiounsreform geschwat gëtt.
Editioun 7h15
26.08.2025 - 07h15
Wéi et méiglech ass, datt d'Rout Kräiz Flüchtlingen op d'Strooss setzt ass Theema an der Presserevue, et ass och e Portrait vun enger Fra, déi u Long-Covid leit
Editioun 8h15
25.08.2025 - 08h15
D'Stad Esch huet e Problem mam Offall: reegelméisseg géife Leit hire privaten Dreck bei déi ëffentlech Poubellë geheien, wat eng richteg Erausfuerderung fir d'Gemeng wier.
Editioun 7h15
25.08.2025 - 07h15
D'Tageblatt hëlt d'LSAP a virun allem d'Fraktiounscheffin Bofferding ganz schéin an d'Gebiet, d'Wort mécht en Test, wéi wäit ee mat 50 Euro op der Schueberfouer kënnt.
«
14
15
16
17
18
»