menu
close
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
Mäi Profil
close
Bookmarks
chevron_right
Abonnéiert Shows
chevron_right
Account-Astellungen
chevron_right
Conditiounen, Dateschutz a Cookies
Ofmellen
Startsäit
Mediathéik
Programm & Playlist
Iwwert den opus
share
facebook
email
28.03.2024 - 08h16
Politik a Gesellschaft
Noriichten
mic_none
Presentéiert vum
Pierre Reyland
Episoden
Editioun 8h15
01.10.2025 - 08h15
D'CSV an de Premier Luc Frieden stinn an de Sondagen net gutt do an d'DP a virun allem de Xavier Bettel géifen dat ausnotze fir sech ze profiléieren: de Xavier Bettel wier zeréck.
Editioun 7h15
01.10.2025 - 07h15
Jidderee schwätzt iwwer den Trounwiessel, iwwer seng Relatioun mam zukünftege Grand-Duc Guillaume: de Luc Frieden, d'Yuriko Backes, d'Scouten oder och d'Kënschtler vu Richtung 22.
Editioun 8h15
30.09.2025 - 08h15
Den LCGB gesäit de Sozialmodell um Enn, et gëtt Kritik um Konzept fir schoulfräi unzefroe fir den Trounwiessel an d'Police beschwéiert sech, well d'Aggressioune staark klammen.
Editioun 7h15
30.09.2025 - 07h15
An den Zeitunge gi Quote fir d'Gemenge gefuerdert fir Flüchtlingen opzehuelen an et gi Fäll gemellt, wou Leit aus dem rietsextreemen Eck Bierger:innen, déi si kritiséiere, bedroen.
Editioun 8h15
29.09.2025 - 08h15
Den Trounwiessel ass e grousst Theema dës Woch an den Zeitungen, donieft bleift och d'Diskussioun ronderëm d'Recht op Ofdreiwung an ob dat soll an d'Verfassung kommen, en Theema.
Editioun 7h15
29.09.2025 - 07h15
Recht oder Fräiheet op Ofdreiwung: och haut ass déi Fro, wéi en Term an d'Verfassung soll verankert ginn, en Theema an den Zeitungen.
De Bléck an d'Zeitungen
27.09.2025 - 08h15
D'Zeitunge schreiwen iwwer de Sträit mat den Dokteren, iwwer de Grand-Duc an de Fraefussball.
Editioun 08:15
26.09.2025 - 08h15
Politiker viru Geriicht, Diskussiounen ëm Cancel Culture an eng zweegleiseg Ëmweltpolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 07:15
26.09.2025 - 07h15
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch, e Minister op der Uklobänk an Intransparenz beim ONA, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 08:15
25.09.2025 - 08h15
18 Prozent Aarmut zu Lëtzebuerg, e Bilan vun der Nordstrooss an d'Absurditéit vun der Logementspolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 07:15
25.09.2025 - 07h15
Trauer ëm den TICE, ee Bilan vun der Nordstrooss an d'Absurditéit vun der Logementspolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 8h15
24.09.2025 - 08h15
D'Handwierk zu Lëtzebuerg, d'Ëmstrukturéierunge bei der ING, eng méiglech Dispens fir d'Schoulkanner um Dag vum Trounwiessel an Endspurt am Bitzatelier um Härebierg sinn Theemen.
Editioun 7h15
24.09.2025 - 07h15
Lëtzebuerg huet e Palästinenserstaat unerkannt, dat gëtt de Moien an der Press positiv opgeholl: et wier e symboleschen awer ganz wichtegen Akt.
Editioun 8h15
23.09.2025 - 08h15
E Bilan vun 10 Joer Nordstrooss, Beweegung an der Diskussioun ronderëm eng Verfassungsännerung beim Recht op Ofdreiwung an d'Drauwelies sinn Theemen.
Editioun 7h15
23.09.2025 - 07h15
Wéi stinn d'CSV-Deputéiert zu der Fro, ob d'Recht op Ofdreiwung soll an d'Verfassung ageschriwwe ginn? Wéi steet de Minister Meisch zu der laanger Summervakanz?
Editioun 8h15
22.09.2025 - 08h15
De Finanzminister gëtt Erklärungen zur Steierreform, doriwwer eraus ass et d'Feststellung, datt NATO an EU sech méi geschlossen de russesche Provokatioune mussen entgéintstellen.
Editioun 7h15
22.09.2025 - 07h15
An der geschriwwener Press gëtt d'Rentereform kritiséiert, awer och d'Alphabetiséierung op franséisch, déi géif den traditionelle Lëtzebuerger Méisproochegkeetsmodell ofschafen
De Bléck an d'Zeitungen
20.09.2025 - 08h15
An der Press gëtt et haut Kritik um Jean-Claude Hollerich an Erstaunen iwwer de Serge Wilmes
Editioun 08:15
19.09.2025 - 08h15
En neien Tower um Findel, e Referendum zu Leideleng an de politeschen Instinkt vum Xavier Bettel, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Editioun 07:15
19.09.2025 - 07h15
En neien Tower um Findel, e Referendum zu Leideleng an de politeschen Instinkt vum Xavier Bettel, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
«
12
13
14
15
16
»