Mir feieren direkt zwee Gebuertsdeeg. Eng Kéier e 55. an eng Kéier en 216. Ausserdeem triede mir an en Dialog mat enger Uergel a kucken op d’Kandheetserënnerungen ...
Mir feieren direkt zwee Gebuertsdeeg. Eng Kéier e 55. an eng Kéier en 216.
Mir kucken zeréck op de Klassik Aktuell vu leschte Méindeg: den Alessandro Urbano, den Titularorganist vun Diddeleng huet erkläert, wat et mat den Dial’Orgues op sech huet.
Am Plackespiller vun dëser Woch huet d’Carole Mallinger den Album “Ode to Mother Nature” vun der jonker belscher Geiistin Sylvia Huang virgestallt. Op dësem Album spillt si, zesumme mam Boris Kusnezow, Wierker fir Gei a Piano vu mol méi oder mol manner bekannte Komponisten a Komponistinnen, déi all e Bezuch zur Natur an de Joreszäiten hunn.
Am Klassik Talk verréit eis déi Lëtzebuergesch Pianistin Cathy Krier, wéi si zum Piano koum, a firwat hir Karriär als Geiistin ganz séier zu engem abrupte Stopp koum. A si hellt eis mat an hir fréiste Kandheetserënnerungen.
Am Häerzstéck vun dëser Woch huet d’Marie Trussart sech dem Anton Bruckner seng 7. Symphonie e bësse méi genee ugekuckt. Am Gespréich mam Lex Kauffmann erzielt d’Marie Trussart vum Bruckner sengem Zielzwang a verréit eis och nach vun deem een oder aneren Tick vum grousse Symphoniker.