Britten, Bruckner a bedeitend Komponistinnen

headphones

117 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

E Concert voller Fraepower, en neien Album dee vill Iwwerraschunge mat sech bréngt, en Zuelemensch deen eng nei Bün fënnt an e Meeschter deen e Meeschter veréiert.

Am Klassik Aktuell kucke mir op e Concert vum Her Ensemble, deen sech et zur Missioun gemaach ausschliisslech Musek vu Komponistinnen ze spillen. Si sinn dëse Sonnde fir e Concert am Cape, an d’Musikologin Noémie Deitz hält eng Konferenz mam Titel ‘Frauen schreiben Musikgeschichte’.

De rumänesche Komponist George Enescu war 19 Joer al, wéi hie säi Sträichoktett an Do Majeur geschriwwen huet. An der Adaptatioun fir Sträichorchester, déi e puer Joer méi spéit erauskomm ass, spillt nieft der Solo-Gei och d’Solo-Braatsch eng wichteg Roll.

A genau déi Roll huet d’Tabea Zimmermann an der Produktioun ageholl, déi d’Tanja Duprez fir de Plackespiller dës Woch erausgesicht huet. Um Programm steet hei awer och dem Benjamin Britten säi Wierk “Lachrymae – Reflections on a song by John Dowland”. Eent vun de leschte Wierker, dat de brittesche Komponist jee fäerdeg gestallt huet.

25 Joer laang war de Claude Mangen beim Radio 100,7. Als Speaker, awer och an der Coordinatioun. Fir hie war de Radio ëmmer eng Form vu Bün, bei där hien éischter am Hannergrond Regie gefouert huet. Am Klassik Talk vun dëser Woch erzielt hien, wéi hien an enger Zäit wou den Internet nach net relevant war, d’Grënnung vum soziokulturelle Radio erlieft a matgestalt huet a firwat d’Dokumentatioun vun der Kulturgeschicht him sou vill um Häerz louch.

Dem Anton Bruckner seng 3. Sinfonie a Re mineur gëtt och d'Wagnersinfonie genannt. Den Titel kënnt vum Bruckner selwer, den en extreme Fan vum Wagner war. Wéi extrem? Dat erzielt d'Marie Trussart dem Lex Kauffmann am Häerzstéck vun dëser Woch.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Resonanzen

Haut um 31. Mee 2026 - Den 222. Gebuertsdag vun der Louise Farrenc

Resonanzen

Haut um 31. Mee 2026 - Den 222. Gebuertsdag vun der Louise Farrenc

Resonanzen

Haut um 31. Mee 2026 - Den 222. Gebuertsdag vun der Louise Farrenc
headphones

236 min

play_arrow

Resonanzen

Um 31. Mee 2026 - Den 222. Gebuertsdag vun der Louise Farrenc
headphones

119 min

play_arrow

Resonanzen tëscht Romantik an Neo-Klassik

De Guy Engels begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.

237 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Guy Engels begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

D'Marie Trussart begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

De Lex Kauffmann begleet Iech mat klassescher Musek duerch de Sonndegnomëtteg a bléckt mat Iech zeréck op eng Woch voll musikalescher Momenter.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Vum Pafendall bis op Dortmund
headphones

120 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Mat engem ronne Gebuertsdag, engem neie Plackespiller, engem neien Häerzstéck an engem neien Invité am Klassik Talk
headphones

117 min

play_arrow
Fréijoer a Resonanzen

Fréijoer a Resonanzen

Iwwerall Ouschterblummen, d’Uebstbeem blénke mat hire wäisse Bléien, an d’Natur huet op gréng geschalt. A Resonanzen bléist deementspriechend och eng kleng Fréijoerslëftchen.
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Ouschtermusek a Fréijoersstëmmung, Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei Concours an Italien, zwee Komponiste feieren op Ouschtere Gebuertsdag
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Summerzäit
headphones

117 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Andrew Lloyd Webber a Max Richter: zwee grouss Nimm, zwee Gebuertsdeeg um 22. Mäerz
headphones

116 min

play_arrow
Girls, Girls, Girls

Girls, Girls, Girls

Um Weltfraendag dréit sech a Resonanzen alles ronderëm Komponistinnen.
headphones

107 min

play_arrow
Kandheetserënnerungen, Naturverléiftheet an eng grouss Symphonie

Kandheetserënnerungen, Naturverléiftheet an eng grouss Symphonie

Mir feieren direkt zwee Gebuertsdeeg. Eng Kéier e 55. an eng Kéier en 216. Ausserdeem triede mir an en Dialog mat enger Uergel a kucken op d’Kandheetserënnerungen ...
headphones

116 min

play_arrow
Resonanzen

Resonanzen

Mir feieren dräi Joresdeeg vu Komponiste mat wonnerschéiner Musek a ruffen um Dag vum Buergbrennen de Summer mat enger Samba.
headphones

118 min

play_arrow