An dëser éischter Stonn vu Resonanzen um opus 100,7 begleet Iech d'Marie Schockmel mat Musek fir e bëssen ofzeschalten an awer och nei Energie ze tanken. Mir kucken ënner anerem zeréck op de grousse Gebuertsdagsconcert vum Leopold Hager den 2. Oktober an der Philharmonie. Dee fréiere Chefdirigent an haitegen Éierendirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker kritt offiziell muer (6.10.) seng 90 Joer, mee an der Philharmonie gouf scho grouss virgefeiert. Den opus 100,7 huet de Concert live iwwerdroen a bitt am "Klassik Talk" och e perséinlechen Abléck an d'Liewen an d'Karriär vum weltberüümten Dirigent.
Da lauschtere mir och an eisen aktuelle Plackespiller. Dat ass deen neitsten Album vum Karski Quartett, mat véier Museker:innen aus Polen an aus der Belsch. Musek gëtt et do vun enger eenzeger Komponistin, an zwar vun der bekanntster polnescher Komponistin aus dem 20. Joerhonnert: der Grażyna Bacewicz.