Musique dans la Vallée 2025
Op Initiativ vu fënnef Gemenge laanscht d'Atert, nämlech Attert (an der Belsch), Biekerech, Ell, Préizerdaul a Réiden gëtt d'Musique dans la Vallée organiséiert. Eng Rees an d’Kläng vun der barocker Musek, d’Vertounung vun der ganzer Wierk-Panoplie vu verschiddenste Komponisten oder musikalesch Entdeckungsreesen an déi geeschtlech a weltlech Kultur aus Osteuropa. An och wann een d’Frënn vun der klassescher Musek uviséiert, stinn an dëser Editioun d’Famillen am Vierdergrond.
Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt
Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel fir d’éischte Kéier zanter 2011 fir de Public opgemaach. Deen 900 Meter laangen Tunnel, deen ënner der Uewerstad läit, verbënnt de Pafendall an de Péitrussdall. Déi schottesch Klangkënschtlerin Susan Philipsz huet d’Klanginstallatioun “The Lower World” entworf, bei där si de Klang vun de Sireenen a vun de Mieresjongfraen evoquéiert. Dofir huet si hir eege Stëmm opgeholl, déi duerch 12 Haut-parleuren am Tunnel ofgespillt gëtt. De Lex Kauffmann, d’Marie Trussart, d’Kerstin Thalau an de Joe Birchen sinn duerch den Tunnel gaangen an hunn Andréck gesammelt. No der Féierung huet sech d’Marie Trussart mam António Mendes, Chef vum départements public vum Mudam, ënner anerem iwwer d’Konzept vun der Installatioun ënnerhalen.
Grouss russesch Sinfonik
D'NDR Radiophilharmonie an hiren neie Chefdirigent Stanislav Kochanovsky iwwerzeege mat hirer éischter gemeinsamer Produktioun. De Repertoire besteet gréisstendeels aus manner bekannter, russescher Musek, mat där d'Artisten duerch déi passend Klangsprooch dem Tschaikowsky, dem Rimski-Korsakow an dem Tcherepnin gerecht ginn.