"Wou d'Uelzecht - Stad" - Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen
Et ass den zweete Soundwalk vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz zesumme mat der englescher Poetin S.L. Grange. Mam eegenen Handy a Kopfhörer kann een duerch de Gronn trëppelen an iwwer 13 Statiounen d'Geschichte vum Quartier entdecken. Esou soll den onsiichtbare Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg nees méi visibel gemaach ginn. De Soundwalk ass gratis a kann zu all Zäit gemaach ginn, ob eleng oder an der Grupp. D'Marie Trussart huet sech mat der Komponistin am Gronn getraff a krut lauter spannend Geschichten erzielt.
Klassik Album vun der Woch - Glass Two
Deen neien Album vum Pascal Schumacher zesumme mat der Pianistin Danae Dörken ass en Hommage un de Philip Glass. An ee Choix, op dee mir dëse Summer a Resonanzen zeréckkucken a lauschteren.
Den 132. Gebuertsdag vun der Lili Boulanger
D’Lili Boulanger gëtt op engem 21. August 1893 zu Paräis gebuer. Duerch hiert Ëmfeld gëtt kloer: d’Musek wäert si hiert ganzt Liewe laang beschäftegen. D’Lili Boulanger huet musikalesch immens grousse Succès. Si schreift sëllege Wierker, léiert Piano, Gei, Cello, Harf, Uergel, Kontrapunkt a Kompositioun. A si gëtt déi éischt Komponistin, déi mam Prix de Rome ausgezeechent gëtt, deem renomméiertste Kompositiounspräis vun der Welt! An trotzdeem weist d’Liewe vun der Musekerin och ëmmer nees déi aner Säit vun der Medail. D’Lili Boulanger ass hiert Liewe laang gesondheetlech ugeschloen.
Mir maachen ee Réckbléck op der Musekerin hiert d'Liewen.