Editioun 8:15

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De Fall vum éisträicheschen Entrepreneur René Benko ass zu Lëtzebuerg ukomm: dat schreift de Moien d’Tageblatt. Virgëschter hätten Enquêteuren aus der Alperepublik Geschäftsraim um Sennengerbierg duerchsicht.

“Ein Sumpf ohne Boden”, esou huet d’Michèle Gantenbein de Leitartikel am Lëtzebuerger Wort iwwerschriwwen. D’Skandaler, déi an de leschte Méint un d’Liicht koumen, géifen ee strukturelle Problem däitlech maachen. Als Beispiller gi Caritas, Luxembourg Science Center a BENU Village genannt.

Theema haut beim Online-Magasinn Reporter ass déi ugekënnegt Debatt iwwer d’Pensiounsreform: am Hierscht wëllt d’Regierung jo eng breet gesellschaftlech Debatt iwwer de System ufänken. Ënner dem Titel “Im Schatten der Rentenmauer” huet de Pit Scholtes den Avis zum Wirtschafts- a Sozialrot zu dësem Theema analyséiert.

“Hinter dem Kampf für die Pressefreiheit in der EU”, dorëm geet et haut am aneren Online-Magasinn Lëtzebuerger Journal. Ze liesen ass do ee Gespréich mam Pavol Szalai vum EU- a Balkan-Desk bei Reporter ouni Grenzen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Editioun 8h15

Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch, de Succès vun de Radaren a Problemer mat der Gréngzon, dat sinn d'Themen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Neit Denke bei der FLF, d'Spuerkeess an der Kritik an d'Situatioun vum Lëtzebuerger Journalismus. dat sinn d'Themen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Europa soll dem Trump d'Stier bidden, eng kritesch Héichwaasseretüd a weider Informatiounen an der Affär Dan Santos, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Gewalt am ëffentlechen Transport, Kritik un der FindelMedic, eng Warnung vum neien Direkter vun MSF Lëtzebuerg an en Traditiounsveräin am Minett dee verschwënnt, sinn Theemen
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

Den Ausseminister, deen sech als Chef vun engem Reesbüro inzenéiert, rumänesch Polizisten am Asaz an der Stad a Probleemer mat Dreck op der Escher Plaz am Boltgen sinn Theemen
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

E Jong vu siwe Joer fënnt eng gebrauchte Sprëtzt hannert der Schoul, spillt domat an hëlt se mat, mat der Konsequenz, datt hien e Mount laang eng anti-HIV-Behandlung muss maachen
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 7h15

LSAP an ADR-Kongress um selwechte Weekend, d'Zeitungen hunn éischt Analysen an den neien Duo un der Spëtzt vun der LSAP kënnt net gutt ewech
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

D‘Pëtrolspräisser, d‘Banken an d‘FindelClinic si Sujeten de Moien an der nationaler Press.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

De Belval gëtt gréng, de Max Hahn léisst d'Mask falen an Amazon brauch keng Strof ze bezuelen, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

De Belval gëtt gréng, de Max Hahn léisst d'Mask falen an Amazon brauch keng Strof ze bezuelen, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 08:15

Zeréck bei d'Atomenergie, méi Parkplaze fir Frontalieren an en ongekläerten Doudesfall, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Zeréck bei d'Atomenergie, méi Parkplaze fir Frontalieren an en ongekläerten Doudesfall, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 08:15

Pëtrolspräisser, déi duerch de Plaffong ginn an Ofdanken an der Flüchtlingspolitik, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

En Diddelenger Tyrann, eng iwwerflësseg Mauer zu Steebrécken an de Pëtrolspräis, deen duerch de Plaffong geet, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Opreegung zu Mäertert, well eng ueleghalteg Flëssegkeet an d'Musel gelaf ass an nei schaarf Kritik un den Adapto-Chauffere sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De Krich am Iran dominéiert d'Aktualitéit an den Zeitungen an d'Editorialiste maache sech Suergen, datt d'Energiepräisser nees klammen an de Krich sech weider ausbreet.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

Huet de Kulturminister gelunn a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro iwwer d'Probleemer bei der Fotoausstellung "Family of Man" zu Klierf am Schlass?
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De Minister Max Hahn reagéiert op d'Poleemik ronderëm déi schlecht Zoustänn an de Flüchtlingsstrukturen an de Minister Eric Thill kritt virgehäit ze léien iwwer "Family of Man".
headphones

5 min

play_arrow