1. Et kann net sinn, datt d’USA a Russland eleng iwwer Europa decidéieren. D’EU misst mat un deem Dësch setzen. Dat sot de Premier Luc Frieden de Mëtteg zu Dublin.
2. Zu Bréissel gouf de Moien d’Tilly Metz als Vizepresidentin vum Europaparlament gewielt.
Si war Enn Oktober vun hirer Fraktioun vun deene Grénge fir dee Poste nominéiert ginn,
3. An der Gazastreif gouf et eng israelesch Attack op e Spidol. Dobäi wieren op d'mannst 6 Leit ëm d‘Liewe komm.
4. D‘US-Vertrieder Steve Witkoff an Jared Kushner gesinn haut zu Moskau de russesche President Wladimir Putin fir iwwer weider Schrëtt Richtung Fridden an der Ukrain ze schwätzen.