1. Eng Petitioun fir obligatoresch Lëtzebuergesch ze léiere wann ee laangfristeg hei am Land wunnt oder schafft soll an der Chamber weider diskutéiert ginn – an zwar a Form vun enger Motioun. Dat sot d’ Presidentin vun der Petitiouns-Kommissioun, d’LSAP Politikerin Francine Closener de Moien no dem Debat public.
2. No de Gespréicher vum Comité de Suivi vun der Tripartite wieren sech d’Regierung an d’Sozialpartner eens, datt ee weider Mesurë géif brauchen. Dat sot d’OGBL Presidentin Nora back haut e Moien.
3. D‘Äerd steiert der UNO no op eng Erwäermung vun 2,8 Grad bis d‘Enn vum Joerhonnert hin. Dat ass wäit iwwert dem Zil vun annerhalwwem Grad am Paräisser Klimaaccord vun 2015. Dat steet am neisten UN-Klimarapport.
4. Zu Lëtzebuerg klëmmt den Antibiotika -Verbrauch zënter 2021, 2024 lung de Verbrauch däitlech iwwer der europäescher Moyenne. Dat geet aus dem Joresrapport zum Antibiotika Verbrauch 2024 ervir.
5. Den amerikanesche Speizal Emissär Steve Wikoff ass zu Sankt Petersburg ukomm. Hie soll do de russesche President Wladimir Putin begéinen, fir Gespréicher iwwert en Enn vum russesche Krich géint d‘Ukrain.