1. Den Dronevirfall, e Freiden den Owend, hei am Land huet d’Regierung op de Plang geruff. D’sougenannt Dronen-Cellule koum zesummen, fir den Tëschefall z’ënnersichen, deen de Flugverkéier brooch geluegt hat.
2. Et kéinte kruzial Wale fir den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz ginn, d’Walen, haut, zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern. Zu Berlin streit d’CDU mat ëm d’Muecht, a Mecklenburg-Vorpommern dogéint kéint et sinn, dass si net an de Landtag kënnt.
3. Bierchem kënnt am europäeschen Hären-Handball eng Ronn virun, Esch kéint haut nozéien, an d’Victoire am Tour de Luxembourg am Cyclissem ass dem Italiener Davide Piganzoli wuel net méi ze huelen: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.