1. De Ministerrot huet gëschter eng ganz Rëtsch Gesetzprojeten ugeholl. Sou z.B. deen iwwert d’Weiderféiere vun der Bedeelegung vum Stat un engem Deel vun de Stroumnetzkäschte fir Stéit a Betriber d’nächst Joer, an Héicht vun 150 Milliounen €.
2. Am franséischen Département Gironde sinn op Grond vun den uerge Bëschfeieren d’Awunner aus weidere Gemengen no bei Bordeaux evakuéiert ginn. Am Ganze goufe bis elo eng 22.000ha Land zerstéiert.
3. Um zweetleschten Dag vum Tour de France am Cyclissem steet souzesoen eng mäerderesch Etapp um Menu vun de Coureuren. Ee Bierg vun der 1., 3 Bierger hors-catégorie plus d’Alpe d’Huez erop mussen d’Cyclisten haut iwwerwannen.