1. D‘Sozialpartner goufe sech de Moien iwwer deen nationalen Aktiounsplang fir Kollektivverträg eens, dee kann elo op Bréissel geschéckt ginn
2. D'Chamber huet d'Reform vum Gesetz iwwer de Beruff vun den Infirmieren an Infirmièren ugeholl. D'Presidentin vun der Associatioun ANIL, d'Anne-Marie Hanf, gesäit awer wéineg konkreet Verännerungen a fuerdert méi Autonomie um Terrain
3. An engem Schreiwes weist d‘Enregistrementsverwaltung all Virwërf zeréck, déi den Entrepreneur Kindy Fritsch op LinkedIn verëffentlecht huet
4. An der Fussballweltmeeschterschaft konnt sech Spuenie gëschter Owend 2:0 géint Frankräich duerchsetzen an ass domat deen éischte Finalist
Deen zweete Finalist decidéiert sech dann haut den Owend am Match tëschent England an Argentinien