Detailer zum Tripartitesaccord / Nei Wafferou tëschent Israel an dem Iran / Afrikanesche FIFA-Arbitter dierf net an d'USA
1. Gëschter gouf den Tripartitesaccord ënnerschriwwen, de Mëtteg sollen d‘Detailer virgestallt ginn, an der Chamber gëtt et eng kuerz Debatt
2. Tëschent Israel an dem Iran gëllt vun haut un nees eng Wafferou, den amerikanesche President hat Drock op Israel gemaach
3. Dem ICAN-Institut no hunn déi néng Atommuechten d‘lescht Joer iwwer 119 Milliarden Dollar fir Atomwaffen ausginn, esou vill wéi nach ni virdrun
4. De somaleschen FIFA-Abitter Omar Abdulkadir Artan dierf net an d'USA areesen, dat huet d'FIFA haut confirméiert. Hie sollt eigentlech WM-Partie leeden