1. De Moie waren d‘Ministeren ënner sech zesummen, fir iwwer méiglech nei Pisten ze diskutéieren, déi si de Sozialpartner de Mëtteg an der Tripartite kéinte proposéieren …
2. D‘Joer 2025 wier ustrengend gewiescht a markéiert vun internationalen a geopolitesche Krisen. Dat hätt och d‘Lëtzebuerger Croix Rouge gespiert, esou den nach Direkter vun der Croix Rouge Michel Simonis bei der Presentatioun vum Joresrapport 2025
3. Déi konsultativ Mënscherechtskommissioun - CCDH - reagéiert besuergt op verschidde Formuléierungen am Gesetzesprojet fir d’Ëmsetzung vum europäesche Migratiounspakt. Den Text, iwwer deen nächst Woch an der Chamber soll ofgestëmmt ginn, géif eng däitlech Verschäerfung vun der aktueller Gesetzgebung virgesinn
4. No zwee Joer Waardezäit kennen d‘Ukrain an d’Moldau drop hoffen, datt mat hinne geschwënn offiziell iwwer en EU-Bäitrëtt verhandelt gëtt