1. Den informatesche System vun der Chamber war vun enger Cyberattack viséiert: Dat confirméiert de Generalsekretär am 100,7-Interview. Bei där Attack wäre keng Date fortkomm, an den Interneztsite vun der Chamber ass och nees bal ganz accessibel.
2. Um 1.500. Dag zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich probéiert den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, d’sougenannt Friddensverhandlungen nees unzekierpen. D’US-Émissäre sollen dofir op Kiew an dann op Moskau reesen.
3. Am Hären-Basket stinn d’Play-Offe virun der Dier. Dëse Weekend ass awer nach den 22. a leschte Spilldag vum reguläre Championnat, an do wëll Bartréng seng Leaderpositioun verdeedegen.