1. D‘Rapatriementsefforte vu Luxair fir Clienten aus de Golf-Staate leeft momentan, de Moien um hallwer zwielef elo ass eng Luxair Boeing 737-800 zu Maskat am Oman gelant
2. De Krich am Noen Oste wäert wuel méi laang dauere wéi déi puer Deeg, vun deenen Israel am Ufank geschwat hat. Där Meenung ass d’Bente Scheller, Expertin fir Noen Oste bei der däitscher Heinrich-Böll-Stiftung de Moien am 100,7-Interview
3. D‘EU-Kommissioun presentéiert haut hir Pläng fir déi europäesch Industrie ze stäerken
4. Israel huet de Moien op en Neits Ziler am Iran bombardéiert. Viséiert waren Infrastrukture vum iranesche Regimm zu Teheran