1. Kënnt et zu engem virleefegen definitive Broch tëscht Europa an den USA? D’Fro steet am Raum, nodeems den US-President Donald Trump gëschter am Sträit ëm Grönland nei Stroftaxe fir 8 europäesch Länner an Aussiicht gestallt huet.
2. An der Coque stinn haut d’Finale vun den Dëschtennis-Coupen um Programm. Recken géint Diddeleng bei den Dammen an Houwald géint Hueschtert/Foulscht bei den Hären heeschen déi decisiv Matcher.
3. An am afrikanesche Fussball decidéiert sech den Owend, wee sech déi bescht Ekipp vum Kontinent nennen däerf. An der Final kritt et den Organisateur Marokko mam Senegal ze dinn.