1. D‘USA géifen de Venezuela leeden, en attendant datt eng sécher Transitioun géif oflafen. Dat sot den Donald Trump viru Minutte virun der Press no engem US-Ugrëff hënt op Venezuela
2. De President Nicolas Maduro ass festgeholl an ënnerwee op New York. Am Venezuela huet d‘Oppositiounscheffin a Friddensnobelpräis-Gewënnerin Maria Corina Machado zu engem Regierungswiessel opgeruff
3. An der Schwäiz gouf no dem déidleche Brand an enger Bar zu Crans-Montana eng penal Enquête géint d‘Bedreiwer vum Lokal opgemaach