1. Wolz huet mam Patrick Comes en neie Buergermeeschter, a Bech wäert no der Démissioun vum Jill Goerres en neie kréien. Dat ass d’Resultat vun de Gemengerotssëtzungen, de Moien, am Norden an am Oste vum Land.
2. Steet en Enn vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain virun der Dier? No der Entrevue tëscht Donald Trump a Wolodymyr Selenskyj, gëschter, a Florida gëtt Moskau allzäit e Signal an déi Richtung.
3. An am Schisprange fänkt haut zu Oberstdorf an Däitschland déi traditionell Véierschanzentournée un. Favorit op d’Schlussvictoire ass de Slowen Domen Prevc, dee gëschter schonn am 1. Qualifikatiounssprange bei wäitem dee Stäerkste war.