1. Am Grand-Duché gëtt et keen Tourissem a Saachen Euthanasie, obwuel et entspriechend Ufroen aus dem Ausland gëtt. De jéngste Rapport vun der Kontroll- an Evaluatiounskommissioun iwwer Euthanasie goung d’lescht Woch un d'Chamber.
2. Mam Stëmmrecht vu schwangeren Europaparlamentarierinne gouf sech dës Woch an enger Kommissioun vum EU-Parlament befaasst. An Zukunft solle sou Fraen hiert Stëmmrecht zäitweileg un aner Deputéiert kënnen iwwerginn.
3. D’Käerjénger Handball-Damme sinn haut am 3. Tour vum European Cup an Italien am Asaz, an an de 16els-Finalle vun der Fussball-Coupe bei den Häre kënnt et den Owend zum Klassiker Nidderkuer-Jeunesse: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.