1. D’“Association luxembourgeoise des médecins en voie de spécialisation” steet der Dokteschpraxis um Findel net skeptesch géintiwwer, obwuel nach Froen opstinn. D’ALMEVS wënscht sech donieft e komplette Medezinstudium hei am Land.
2. Eng Majoritéit vun EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, schwätzt sech dofir aus, fir d’EU-Gesetz géint d’Déforestatioun ze verleeën. Dat war e Sujet, gëschter, um Conseil vun den EU-Ëmweltministeren zu Bréissel.
3. Mirza Mustafic an Adulai Djabi Embalo heeschen zwee nei Fussball-Nationalspiller, déi de Jeff Strasser selektionéiert huet. Si kéinten an de WM-Qualifikatiounsmatcher géint Däitschland an an Nordirland zum Asaz kommen.