1. Zu Paräis goufen zwee Verdächteger festgeholl, déi beim spektakulären Abroch an de Louvre, d’lescht Woch, sollen dobäi gewiescht sinn. Am Ganze 4 Leit hate jo do Bijouen am Wäert vun 88 Milliounen € matgoe gelooss.
2. Op politeschem Plang gëtt a Frankräich weiderhin ëm de Statsbudget fir 2026 verhandelt a gestridden. De Senatspresident Gérard Larcher huet an deem Kontext mat Deklaratioune fir Onrou gesuergt.
3. De Stater Racing gëtt sech am nationale Fussball e bësse Loft duerch eng iwwerraschend Victoire zu Nidderkuer, am Hären-Basket iwwerrennt Stesel Diddeléng an am Dammen-Handball klappt Diddeléng Déifferdéng: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.