1. D’Lëtzebuerger Police ass kriminelle Reseaue vun Autoklauer op der Spuer. Bannent 48 Stonne sinn d’Membere vun ewell zwee där Gruppe festgeholl ginn; si si spezialiséiert op d’Klaue vun décken Autoen.
2. D’politesch a budgetär Situatioun a Frankräich mécht der Ratingsagentur Standard and Poor’s Suergen, an dofir huet si d’Note vu Frankräich no ënne revidéiert. An den Ae vum franséische Finanzminister sollt d’Politik elo mat Verantwortung handelen.
3. An der däitscher Fussball-Bundesliga ass den Owend elo de Spëtzematch tëscht Bayern an Dortmund, an am Hären-Handball wëllen Déifferdeng a Bierchem an déi 3. Ronn vum European Cup: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.