1. Net-identifizéiert Dron ware gëschter Owend iwwer der gréisster Militärbase vun Dänemark am Asaz. Iwwer d’Originn vun den Dronen ass näischt bekannt. Dës Woch war et am skandinavesche Land schonn zu Dronenobservatiounen iwwer Flughäfe komm
2. Am Alter vun 103 Joer ass de Journalist a Schrëftsteller Georg Stefan Troller gestuerwen. Den Éisträicher war e Virbild fir ganz Generatioune vu Journalisten, duerch seng Aart a Weis, wéi hien Interviewe geféiert huet
3. Op der WM am Cyclissem a Ruanda goung d’Goldmedail an der Stroossecourse vun den Dammen un eng Kanadierin, an an der Fussball-Bundesliga verléiert den Danel Sinani mat St. Pauli géint Leverkusen