„Léif Boma, léiwe Bopa, looss dech net beducksen.“ Esou heescht eng Campagne, déi de Familljen- an den Inneministère gëschter zesumme mat der Police lancéiert huet. D'Zil ass et, eeler Leit fir d'Gefore vu Bedruchsversich ze sensibiliséieren – souwuel an der digitaler wéi och an der realer Welt.
Grad bei digitale Bedruchsmasche gëtt jo ëmmer nees betount, datt eigentlech jidderee kann Affer ginn. Sinn eeler Leit dann awer méi dacks betraff? Dat huet de Rick Mertens den Thierry Fehr vun der Policedirektioun gefrot.