Ass déi geschriwwe Press dout? Zu Lëtzebuerg schéngt et net esou ze sinn

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zu Lëtzebuerg liest méi wéi all zweete Resident iwwer 16 Joer eng Zeitung den Dag. Sief dat an der gedréckter oder digitaler Form. Dat huet eng ILRES-Etüd erginn. Dat interessantst dobäi ass, datt par rapport zu zejoert ronn 12.000 Leit méi uginn hunn deeglech eng Zeitung opzeschloen.

Den Tenor, deen een alt emol an der Gesellschaft héiert, datt Printmedien hirem Enn geweit wieren, kéint een net confirméieren, seet d’Michelle Cloos, Generaldirektesch vun Editpress am 100,7-Interview.


Natierlech hätt déi geschriwwe Press och misse mat der Zäit goen, zum Beispill duerch d’Entwéckele vun E-Paper, also Zeitungen an digitaler Form. Domat hätt een och d’Méiglechkeet ënnerwee mol an enger Zeitung ze liesen.


Och bei de Frontaliere gëtt et eng Hausse vun de Lieser:innen. Dofir gesäit d’Michelle Cloos an éischter Linn allerdéngs kee wierklech positiven Ursprong.

"Mir wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg e Phenomeen hunn, dat heescht Logementskris. Mir wëssen, datt et ëmmer méi Leit ginn, déi déi aner Säit vun der Grenz liewe ginn. Dat ass da vläicht déi méi pessimistesch méiglech Erklärung."

Wann een d’Glas awer wéilt hallef voll gesinn, géing et der geschriwwener Press mëttlerweil vläicht besser geléngen, Leit aus dem noen Ausland an hir Theemen unzespriechen, mengt d’Michelle Cloos.


D’Resultater vun der Etüd wieren och net nëmmen en Ausräisser, seet d’Generaldirektesch vun Editpress. Et géif ee bei hinne scho kloer gesinn, datt et eng Progressioun géif ginn. Iwwerdeems raumt si mat engem Klischee op.

"Et ass och méiglech nei Lieser ze fannen, grad och bei der aktiver Bevëlkerung oder bei der méi jonker Bevëlkerung. Et huet een dee Klischee-Image, datt virun allem Rentner d'Press liesen, an et ass schéin ze gesinn, datt dat sech net bestätegt."

Dat géif ee beispillsweis bei de Leit gesinn, déi Zeitungen abonéieren oder sech fir déi digital Offeren aschreiwen, esou d’Michelle Cloos.


De ganzen Interview mat der Michelle Cloos kënnt dir bei de Kolleeginnen a Kolleegen vum Radio 100,7 nolauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Gestéiert Männlechkeet - Buchkritik: The Struggles of Mr Small

Gestéiert Männlechkeet - Buchkritik: The Struggles of Mr Small

D'Kuerzgeschichtesammlung "The Struggles of Mr Small" (Black Fountain Press) ass dem Humphrey Gudgeon säin Debut.
headphones

4 min

play_arrow
KI an der Primärschoul erklären | © Radio 100,7

KI an der Primärschoul erklären

Wéi kann een esou e komplext Thema op eng kannergerecht Manéier vermëttelen?
headphones

6 min

play_arrow
„Léif Boma, léiwe Bopa, looss dech net beducksen.“ | © Diane Lecorsais

„Léif Boma, léiwe Bopa, looss dech net beducksen.“

Eng nei Sensibiliséierungscampagne géint Berdruchsmaschen, vum Familljen- an Inneministère an der Police.
headphones

6 min

play_arrow
Véier Dinosaurier an een Draach am Atelier | © Schubert Music

Véier Dinosaurier an een Draach am Atelier

Heavysaurus ass eng Band, déi als Zil huet, Kanner u Metal a Live-Concerten erunzeféieren. Mat kannerfrëndlechen Texter a Kostümer
headphones

6 min

play_arrow
Fiasko Fest: Zana, Musekerin a Proff

Fiasko Fest: Zana, Musekerin a Proff

D’Zana muss kee retten. Si ass déi neisten Invitée an der Emissioun "Fiasko Fest", an där et ëm d'Scheitere geet.
headphones

2 min

play_arrow
Diabetes: "Eng Krankheet, déi ëmmer present ass" | © picture alliance/dpa | Hannes P. Albert

Diabetes: "Eng Krankheet, déi ëmmer present ass"

D’Myriam Lauterbourg ass Infirmière, Mamm vun 3 Kanner a lieft zënter 42 Joer mat Diabetes. E Portrait zum Weltdag vum Diabetes.
headphones

6 min

play_arrow
Filmer, Noriichten, Websäiten: wéi geet dat ouni Barrièren? | © Radio 100,7

Filmer, Noriichten, Websäiten: wéi geet dat ouni Barrièren?

Persoune mat enger Beanträchtegung solle Medieplattforme besser kënnen notzen, seet eng EU-Direktiv. Ass déi och an der Praxis ukomm? Froen un de François Engels vum OSAPS.
Ass déi geschriwwe Press dout? Zu Lëtzebuerg schéngt et net esou ze sinn | © Radio 100,7

Ass déi geschriwwe Press dout? Zu Lëtzebuerg schéngt et net esou ze sinn

Méi wéi 50 % vun de Résidenten a Frontalieren huelen all Dag eng Lëtzebuerger Zeitung an de Grapp. D'Michelle Cloos, d'Generaldirektesch vum Grupp Editpress, freet sech doriwwer.
headphones

5 min

play_arrow
Jemp Schuster – Spawecken

Jemp Schuster – Spawecken

"Wéi wier et, wa mer äis dës Geschicht vun engem ale Bam géife verziele loossen?"
headphones

6 min

play_arrow
"Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou" | © Luc Spada

"Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou"

Der Sally Wagner gouf net gegleeft. Si deelt hir Erfarungen a "Fiasko Fest" mam Luc Spada.
headphones

3 min

play_arrow

No Attack op Frigoen: Wéi kënne mir eis besser schützen? | © Adobe Stock

No Attack op Frigoen: Wéi kënne mir eis besser schützen?

No der Attack op Frigoen a Frankräich an an der Belsch misst elo iwwerpréift ginn, datt Geräter, déi online connectéiert sinn, besser geschützt ginn, seet de Chaos Computer Club.
headphones

5 min

play_arrow
D'Maison médicale zu Ettelbréck ass geplënnert - Mee wéini geet een dohin? | © Pit Beffort

D'Maison médicale zu Ettelbréck ass geplënnert - Mee wéini geet een dohin?

Virgëschter Owend sinn zu Ettelbréck d’Diere vun der neier Maison médicale opgaangen. Mee firwat ass se geplënnert a wéini soll een an d’Maison médicale an net an d’Urgence goen?
headphones

5 min

play_arrow
Filmtipp: "Boxing Stories" | © Dokumentarfilm vum Alain Tshinza

Filmtipp: "Boxing Stories"

Ganz perséinlechen Documentaire vum Alain Tshinza iwwer d'Lëtzebuerger Boxgeschicht an déi kongoleesesch Diaspora.
headphones

3 min

play_arrow
Identitéin - Dr. Gonzo

Identitéin - Dr. Gonzo

Deen, deen ongewéinlech Choixen trëfft.
headphones

4 min

play_arrow
Filmtipp: "Coward"

Filmtipp: "Coward"

A sengem Éischte-Weltkrich-Drama rechent de belsche Cineast Lukas Dhont mam traditionnelle Männlechkeetsbild of.
headphones

3 min

play_arrow
Woch vun der Demokratie: Nei Schülercomitéen an de Lycéeën

Woch vun der Demokratie: Nei Schülercomitéen an de Lycéeën

An de Lycéeën am Land ginn dës Woch am Kader vun der Woch vun der Demokratie nei Schülercomitéë gewielt.
headphones

5 min

play_arrow
De Benevole Henrik schenkt seng Zäit eelere Mënschen | © Sophie Schroeder

De Benevole Henrik schenkt seng Zäit eelere Mënschen

D'Agence du Bénévolat këmmert sech ëm de sougenannte relationelle Benevolat. Dobäi geet et drëm, Mënschen Zäit an Opmierksamkeet ze schenken.
headphones

6 min

play_arrow
Lafe bis et net méi geet: déi éischt Backyard-Course zu Lëtzebuerg | © Radio 100,7

Lafe bis et net méi geet: déi éischt Backyard-Course zu Lëtzebuerg

Iwwer 24 Stonne laang lafe mat just kuerze Pausen dotëschent: Dee sportlechen a mentalen Challenge hunn eng 250 Leefer de Weekend zu Käerch um Backyard Trail op sech geholl.
headphones

6 min

play_arrow
Fiasko Fest: Laure Cales

Fiasko Fest: Laure Cales

D'Laure Cales misst hiert Secondhand-Geschäft an der Stad zoumaachen.
headphones

3 min

play_arrow